Home » Télérevue » CinéCritique » Baby(a)lone – Verbuede Spiller

Baby(a)lone – Verbuede Spiller

De Film vum Donato Rotunno hëlt Iech mat an d’Schoul, an de Walygator an an d’Hell, mä op kee Fall wëllen seng «Helden» op Dräibuer. Et ass d’Geschicht vun engem Amoklaf.

Nom «Mammejong» kënnt elo also den «Ouni-Mammejong» an de Kino. Den Held vum Film, X genannt, huet zwar eng Mamm, mä déi këmmert sech kaum ëm hire Fissi, well se de ganzen Dag hiert Brout hannert dem Computerschierm mat Cybersex verdéngt an hire Bouf souwisou zënter jee just als e «klengen Accident» ugesinn huet. A säi Papp ass längst vun der Bildfläch verschwonnen – hie gëtt an den Dialoge just nach als «däin Erzeuger» erwähnt. Den X hat säi ganzt d’Liewe laang just ee Frënd, den Johnny, an dee gesäit och just hien. An der Schoul, an enger sou genannter «classe mosaïque», wou d’Kanner geparkt ginn, déi am normalen Unterrecht hir Plaz net fonnt hunn, léiert den X d’Shirley kennen, dat grad wéi hien 13 Joer huet a schonns emol um «Kierchbierg» internéiert war, «wou se der eng Sprëtz maachen an dech un d’Bett fesselen, wann’s de eng opféierts.» D’Shirley huet guer keng Mamm méi, déi war och «eng Houer» an ass am Stater Park ënner engem Bam un enger Iwwerdosis «Hero» gestuerwen. Souwuel den X wéi och d’Shirley (an och den drëtten am «Dream Team», den Addis) sinn an der Spezialklass geland, well se e Problem mat Gewalt hunn – si zerklappen sech gär an zimlech brutal mat hire Klassekomeroden. Tëscht dem X an dem Shirley kënnt et zu enger Zweckassociatioun, well si allen zwee «net op Dräibuer» wëllen – an déi Zweckassociatioun féiert zu engem dramateschen Amoklaf…

E lëtzebuergesche Film deen ënner d’Haut geet

No der Sortie vum «Mammejong» hunn ech geschriwwen, dat de Lëtzebuerger Kino erwuesse ginn ass, well ëmmer méi oft aktuell Theme behandelt ginn, déi net méi mam Zweete Weltkrich ze dinn hunn oder eis Vergaangenheet méi oder wéineger «verklärt» noerzielen. Méi aktuell wéi «Baby(a)lone» geet et kaum nach, well de Film platzt matten an d’Diskussiounen iwwert d’Educatioun an eisem Land eran. D’Dréibuch baséiert op dem Roman «Amok» vum Tullio Forgiarini, e Mann, dee selwer an der Educatioun schafft an deemno weess, vu wat e schreift. De Film ass virun allem a sengen Dialogen zimlech hefteg, hei gëtt eng Sprooch geschwat, déi ee bis elo am Lëtzebuergesche Kino net gewinnt war… an et konnt ee während der Première beim Festival och déi eng oder aner Remarque héiere vu Spectateuren, déi vum «franc parler» vun deene jonke Schauspiller zolitt schockéiert waren. Gespréicher mat Leit aus mengem Bekanntekrees, déi och am Educatiounsberäich schaffen, hu mer allerdéngs bestätegt, dat dem Donato Rotunno säi Film ganz no un der Realitéit läit – an de Schoulen an op de Schoulhäff geet et heiansdo nawell zimlech rau zou.

Well ech gefrot gouf, de Film gläich an e puer Sproochen ze ënnertitelen, sinn d’Personnage mer während deene puer Méint, déi ech mat hinne verbruecht hunn, nawell zimlech un d’Häerz gewuess an ech hu manner Distanz zu hinne, wéi dat normalerweis bei anere Filmer de Fall ass. De Joshua Defays (X), d’Charlotte Elsen (Shirley) an den Etienne Halsdorf (Johnny) hunn Zeene mussen dréien, déi vir Jonker nawell net onbedenklech sinn – si goufen dofir bei den Dréiaarbechte vun Educateure betreit a virum ganze Medierummel ofgeschiermt. Hir Performance sinn am beschte mam Wuert «halluzinant» ze ëmschreiwen, si ginn dem Film seng Séil a seng Tragik – well hir Schicksaler ganz sécher an enger Realitéit verankert sinn, déi et och hei am Land gëtt, och wa vill Leit dat net héiere wëllen. Bei den Erwuessene sinn et virun allem d’Gintare Parulyte an d’Fabienne Hollwege, déi sech vum Casting ofhiewen. De «Baby(a)lone» ass e Film (vun 12 Joer un erlaabt), deen d’Elteren sech sollte mat hire Kanner ukucken an doriwwer diskutéieren – e gëtt iwwer déi nächste Wochen och de Schoulklasse gewisen, woufir e speziellen «dossier pédagogique» ausgeschafft gouf. An dat ass net vu Muttwëll!

Laufzeiten

BABY(A)LONE ★★★★★
Regie: Donato Rotunno / mam Joshua Defays, Charlotte Elsen, Etienne Halsdorf, Gintare Parulyte, Fabienne Hollwege / L/B 2014, 98 Minutten / dës Woch am Kino.

Author: Philippe Reuter

Login

Lost your password?