Kinoprogramm

Rusty Boys

Wann déi al Herrschaften sech net esou behuelen wéi hir Kanner sech dat virstellen, da sinn déi fatzeg iwwerfuerdert. Si hu scho Schwieregkeete genuch hir eege Kanner an der Gitt ze halen, elo ginn déi Al och nach opsässeg. De Fons Kayser (70), de Jean-Louis « Lull » Hemmer (82), den Nicolas « Nuckes » Heinen (65) an de Jängi Jaminet (84) hunn sech e Liewe laang net erëmkommandéiere gelooss a wëllen sech och elo näischt méi gefale loossen. Zesumme plangen déi 4 Hären hir Zukunft ouni Altersheim. Den Nuckes ass déi dreiwend Kraaft. Als alen 68er weess hie wéi een de Widerstand organiséiert, mee dat Ganzt ass awer méi einfach gesot wéi gemaach!

Auteur Andy Bausch, Frank Feitler
Réalisateur Andy Bausch
Producteur Paul Thiltges, Adrien Chef
Acteurs André Jung, Marco Lorenzini, Pol Greisch, Fernand Fox, Josiane Peiffer
Genre Comédie
Durée 107 min.
Version V.O. st fr & ang, 2D
Pays Luxembourg
Année 2016
Admission 6 ans
Production Paul Thiltges Distributions

Login