Home » Télérevue » CinéCritique » O Mamm, léif Mamm!

O Mamm, léif Mamm!

MAMMEJONG – Den éischte Spillfilm vum Jacques Molitor ass sécher keen Alldagskascht – seng Inzest-Geschicht kéint nawell en Deel vum Publikum schockéieren.

Och mat 20 Joer steet de Philippe, genannt Flëpp, nach ëmmer ënnert der Schlapp vu senger Mamm, déi Gefiller fir hire Bouf un den Dag leet, déi wäit iwwer dat eraus ginn, wat een als Mammeléift bezeechne kann. D’Sophie, 45 Joer al, ass maniaco-depressiv zënter dat hire Mann sech viru Joren d’Liewe geholl huet an si vun deem Moment u mam Flëpp alleng doheem wunnt. Et kënnt och scho mol vir, dat de Flëpp beim Sophie am Bett schléift. Hien hëlleft senger Mamm an der klenger Epicerie, déi se vum Papp geierft hunn an déi d’Sophie op kee Fall un dee schläimegen Immobilien-Hai verkafe wëll, deen hannert dem Haus hier ass. De Flëpp ass och de Stoussnéckel vu senge Komeroden am Duerf, déi hie behandele wéi de leschten Dreck. Alles ännert sech deen Dag wou de Flëpp d’Leena kenne léiert, en attraktivt a liewegt Flüchtlingsmeedchen aus Bosnien, dat him virun Aen hellt, wéi onnatierlech seng Relatioun mat senger possessiver Mamm ass. Mä d’Sophie ass net sou séier bereet, hire Bouf enger hiergelafener Zigeinerflaus ze iwwerloossen…

Lues awer sécher gëtt de Lëtzebuerger Kino erwuessen

Wéi schons de Jean-Claude Schlim virun e puer Jore mat «House of Boys», huet och de Jacques Molitor et sech fir säin éischte Laangspillfilm net einfach gemaach – Inzest gehéiert souguer am internationale Kino zu de raren Themen, déi nach zimlech tabuiséiert sinn – an Amerika géif d’Zensur wahrscheinlech d’Kopplabunz schloen, wann e jonke Mann vun 20 Joer mat senger Mamm an d’Bett klëmmt oder se an der Buedbidde wäscht. Et kann een sech also virstellen, dat och hei am Land deen een oder
anere bei dësen Zeenen eng Kéier déif Loft hëlt. Mä et ass awer definitiv un der Zäit, dass Filmer, an deene Lëtzebuergesch (hei och eng Grimmel Englesch) geschwat gëtt, sech mat erwuessenen Theme beschäftegen.

De Jacques Molitor huet säi Film sengem Papp dediéiert, mä et ass definitiv d’Mamm, déi hei Dréi- an Aangelpunkt vum Film ass. Gespillt gëtt d’Sophie mat zimlech vill Courage vum Myriam Muller, dat an dëser Roll eng «descente aux enfers» matmécht, déi Angscht mécht. Et muss een als Actrice schonn aus sech eraus goen, fir sou eng Roll mat Liewen ze fëllen, ouni an d’Lächerlecht an de Grand-Guignol ofzedreiwen. Als Kontrapunkt zu senger launescher Mamm, déi zu allem fäheg ass, kënnt de Max Thommes an der Roll vum Flëpp eriwwer. Hien beweist, datt e sensiblen an nuancéierte Schauspiller an him stécht, deen d’Roll vum jonke Mann voll drop huet, deem seng Gefiller tëscht der Mamm an der jonker Frëndin hin an hier schwenken, op de Risiko hin, dat och hien d’Schlappe verléiert.

De Liichtbléck am Film ass déi jonk Mara Juric (gebuer zu Sarajevo), déi d’Leena spillt an deeër hir Natierlechkeet an direktem Kontrast steet zu deenen zwou Haaptgestalten, deenen hiert Liewen zesummen no an no zu enger Hell ginn ass. An enger klenger Nieweroll kann de Jules Werner (als Immobilienhai) beweisen, wat fir e Schläimschësser hie si kann, iwwerdeems d’Christiane Rausch als ofgetakelt Rockerbraut zwar pittoresk ass, awer nëmmen e puer Zeenen huet. Iwwerhaapt huet een d’Gefill, dat beim Film, dee 85 Minutten dauert, e puer Saache beim Montage eliminéiert goufen, fir sech op déi dräi Haaptprotagonisten ze konzentréieren. Dowéinst holpert de Film och heiansdo eng Grimmel, mä ënnert dem Strich erlieft een eng Geschicht, wéi se bis elo hei am Land nach ni am Kino
erzielt gouf.

MAMMEJONG ★★★★★
Regie: Jacques Molitor / mam Max Thommes, Myriam Muller, Maja Juric, Jules Werner /
L/B 2014, 85 Minutten / Ciné Utopia

Teilen ...Email this to someoneShare on Google+Print this pageTweet about this on TwitterShare on Facebook
Author: Philippe Reuter

Login

Lost your password?